Administrativen Mataarbechter (m/w/x)- 75% - CDD
Publiée le 15/11/2024
Fondation Kräizbierg
D’Fondatioun Kräizbierg, œuvre d’utilité publique, sicht fir hire Foyer Domaine Schoumansbongert zu Fréiseng
een administrativen Mataarbechter (m/w/x)
30 Stonnen/Woch am Kader vun engem CDD
Äre Profil:
- Dir hutt een DAP/CATP am administrativen Beräich oder equivalent,
- Dir beherrscht d’Lëtzebuerger Sprooch an hutt eng excellent Maîtrise vun der franséischer an däitscher Sprooch (am Schwätzen an Schreiwen)
- Dir sidd teamfäeg, zouverlässeg, flexibel an hutt fachlech an sozial Kompetenzen
- Dir hutt ganz gutt Kenntnisser am „MS Office“
- Dir sidd am Besëtz vun engem gültegen Führerschäin
Mir bidden:
- ee Gehalt entspriechend der CCT-SAS (mat 13. Mount, minimum 34 Deeg Congé pro Joer an nach aner Avantagen)
- eng flott Aarbecht an engem multidisziplinären Team
- an encouragéieren Är professionell Weiderbildung
Dir fannt weider Informatiounen op www.kraizbierg.lu ënnert der Rubrik ʻJobsʼ wou dir Är Kandidatur bis de 25.11.2024 eraschécke kënnt.