Psycholog.in - Service „Riicht Eraus - LOTUS“ / Lëtzebuerg / CDI / 20h
Publiée le 29/10/2024
Croix-Rouge luxembourgeoise
D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht
Psycholog / Psychotherapeut (M/F/D)
Referenz: 4240
fir saïn Service „Riicht Eraus - LOTUS“ op Basis vun engem CDI mat 20 Stonnen/Woch
De Service "LOTUS" huet d'Missioun, de Mannerjäregen tëscht 12-17 Joer ze sécheren, déi en ergräifend Verhalen hunn an ënner enger Zwangsmoossnam stinn.
Missiounen:
- Psychologesch Iwwerwaachung vu Mannerjärege wärend individuellen a Familljekonsultatiounen sécheren
- Bäidroe fir d'Entwécklung vum Service
- Zesummenaarbecht mat aneren externe Servicer (Justizorganer, sozialen Acteuren, asw.)
- De Service bei Formatiounen oder aneren Sensibiliséierungsveranstaltungen vertrieden
Profil:
- Universitéitsdiplom an klinescher Psychologie oder Entwécklungspsychologie an/oder an Psychotherapie
- Beruffserfarung an der therapeutescher Aarbecht mat Mannerjäregen
- Beherrschung vun de Sproochen Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch noutwendeg. All aner Sprooch ass e Virdeel.
- Sécherheet an Erfarung am féiere vun eenzel- an Familljengespréicher
- Gutt Bezéiungs Kompetenze mat Mannerjäregen, déi en iwwergräifend Verhalen hunn
- Verantwortungsbewosst an Fäegkeet, selbstänneg ze schaffen
- Sech kënne un d'Aarbechtszäiten no de Besoine vum Service unzepassen
- Bereetschaft un Formatiounen deelzehuelen
Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.