NEW Educateur diplômé - Maison Relais Rouspert/Mompech - Cycle 1 (m/w/d)

Publiée le 12/10/2024

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
FR , DE , LB
Expérience professionnelle

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Mir siche fir de Cycle 1 an der Maison Relais Rouspert/Mompech: Educateur diplômé (m/w/d) - 20-25 Stonnen/Woch CDI


Bass du eng engagéiert Erzéierin oder en engagéierten Erzéier an wëlls Kanner am Alter vun 3 bis 6 Joer op hirer Entwécklungsrees begleeden? Dann bass du bei eis genau richteg. D’Zil ass et, d’Kanner ze ënnerstëtzen an hinnen e séchert, stäerkend an inspiréierend Ëmfeld unzebidden. Du gëss aktiv mat dorun schaffen, d’Autonomie vun de Kanner z’entwéckelen, hir sozial Fäegkeeten ze fërderen an hir natierlech Curiositéit ze ënnerhalen.Eis Struktur huet am Cycle 1 insgesamt fënnef Raim, déi vill Méiglechkeete fir d’Kanner ubidden, sech fräi a kreativ z’entfalen. Dës enthalen e Rollenspillraum, en Atelier, e Rouberäich fir Entspanung, e Raum mat engem Klotergestell a Bauwierk, souwéi en Iessberäich, wou d’Kanner och d’Gemeinschaftserfarung duerch d’Iessen zesummen erliewen. Donieft verfüügt d’Struktur iwwer e grousse Ausseberäich, wou d’Kanner d’Natur entdecke kënnen, an eng Turnhal fir kierperlech Aktivitéiten. Am Cycle 1 betreie mir de Moment 60 Kanner. Mir leeë grousse Wäert op eng individuell Förderung vun all Kand. Du gëss Deel vun engem dynameschen an kreative Team vu 8 Mataarbechter/innen am Cycle 1. Zesumme mat den anere ronn 40 Mataarbechter/innen an eiser ganzer Struktur schafe mir eng frëndlech an inklusiv Léierëmfeld, wou all Kand sech wuel fillt an individuell gefërdert gëtt.Wann s du Loscht hues, aktiv bei der Bildung an Entwécklung vun de Kanner matzewierken, freeë mir eis ganz besonnesch op deng Bewerbung! 


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
  • Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
  • Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel

Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Mir sichen leidenschaftlech an engagéiert Mataarbechter, déi Freed drun hunn, mat Kanner ze schaffen an Deel vun engem dynameschen Team ze sinn. Eis Missioun ass et, an enger gudder Atmosphär ze schaffen, wou jiddereen d’Fräiheet huet, seng eege Iddien an Initiativen anzebréngen. An engem Team, dat sech géigesäiteg ënnerstëtzt, bidden mir de Raum fir Autonomie an Verantwortung, während d’Bedierfnesser vun de Kanner ëmmer am Zentrum stinn. Weiderbildung a kontinuéierlech Entwécklung si fir eis wichteg, fir dass all Mataarbechter sech perséinlech a professionell weiderentwéckele kann. Wann och s du Freed un engem ofwiesslungsräichen Alldag hues an d’Kanner mat engem Laachen duerch de Dag begleede wëlls, da bass du bei eis genau richteg!"



(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


ARCUS asbl logo

ARCUS asbl

52b Avenue Gaston Diderich
1420 Luxembourg
Luxembourg

Recrutement ARCUS asbl

NEW Educateur diplômé - Maison Relais Rouspert/Mompech - Cycle 1 (m/w/d)

Postulez en ligne

NEW Educateur diplômé - Maison Relais Rouspert/Mompech - Cycle 1 (m/w/d)

 
 
 
 

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt (taille max : 10 mo).



Ex : Lettre de motivation, portfolio, etc.

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (taille max : 10 mo).


Profitez-en pour créer un compte gratuit et sécurisé afin de rejoindre la communauté Moovijob.com.

 
 
i
Utilisez au moins huit caractères avec des lettres, un chiffre et un symbole
Confidentialité

Chez Moovijob.com nous veillons à la sécurité de vos données. Votre compte Moovijob.com n’apparaîtra jamais publiquement. Nous respectons les paramètres de confidentialité que vous définissez. Seules les entreprises pour lesquelles vous postulez ou celles utilisant la CVthèque Moovijob.com peuvent avoir accès à votre profil, si vous l’avez décidé.


Soyez informé de l'état du marché luxembourgeois et recevez nos conseils lors de ce rendez-vous mensuel !

En postulant sur Moovijob.com, vous acceptez les informations légales.