Educateur gradué/Fachbegleeder - Spillzenter (m/w/d)

Publiée le 15/11/2024

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
FR , DE , LB
Expérience professionnelle
Niveau d'étude

arcus asbl ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2010 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Hues Du Loscht, Dech mam Spill vu Kanner ze beschäftegen an am Beräich vun der Erwuessenebildung follgend Missiounen ze erfëllen?


Mir sichen e Fachberoder (m/w/d) fir non-formal Bildung am Spillzenter fir 30-40 Stonnen/ Woch CDI


Mir bidden dir:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Responsabilitéiten

  • Promotioun vum Spill an der Spillpedagogik am Centre de ressources ‘Spillzenter’
  • Praktesch Ëmsetzung vum Nationale Rahmeplang vun der non-formaler Bildung
  • Berodung a Formatioun vu Professionellen déi mat Kanner bis 12 Joer schaffen
  • Déi aktuell Diskussiounen an der non-formaler Bildung am Bléck hunn an nei an innovativ Projeten entwéckelen
  • Digital Medien notze fir pädagogesch Inhalter ze entwéckelen fir erzéierescht Fachpersonal a fir Dageselteren
  • Eng aktiv an digital Ëffentlechkeetsaarbecht ronderëm d'Spill a fir de Spillzenter als Centre de ressources leeschten
  • Eng dynamesch Vernetzung an nationalen an internationale Reseaue vu Partneren an Institutiounen
  • D‘Gestioun vum Spillzenter assuréieren: Spillberäicher, Fachbibliothéik, Kannerbibliothéik a Ludothéik

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues eng Qualifikatioun am Beräich Sciences Sociales et Educatives oder/an de Medien- a Kommunikatiounswëssenschaften
  • Du hues Kompetenzen an engem oder méi vun de follgende Beräicher: Foto-/Videografie, Mediegestaltung/Design, digital Kommunikatioun oder digital Marketing
  • Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung, a besonnescht am E-Learning a blended Learning
  • Du hues Kenntnisser an Theorie a Praxis vun der non-formaler Bildung

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl

52b Avenue Gaston Diderich
1420 Luxembourg
Luxembourg

Recrutement ARCUS asbl

Educateur gradué/Fachbegleeder - Spillzenter (m/w/d)

Postulez en ligne

Educateur gradué/Fachbegleeder - Spillzenter (m/w/d)

 
 
 
 

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt (taille max : 10 mo).



Ex : Lettre de motivation, portfolio, etc.

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (taille max : 10 mo).


Profitez-en pour créer un compte gratuit et sécurisé afin de rejoindre la communauté Moovijob.com.

 
 
i
Utilisez au moins huit caractères avec des lettres, un chiffre et un symbole
Confidentialité

Chez Moovijob.com nous veillons à la sécurité de vos données. Votre compte Moovijob.com n’apparaîtra jamais publiquement. Nous respectons les paramètres de confidentialité que vous définissez. Seules les entreprises pour lesquelles vous postulez ou celles utilisant la CVthèque Moovijob.com peuvent avoir accès à votre profil, si vous l’avez décidé.


Soyez informé de l'état du marché luxembourgeois et recevez nos conseils lors de ce rendez-vous mensuel !

En postulant sur Moovijob.com, vous acceptez les informations légales.


RDV la semaine du 25/11