Infirmier

Publiée le 07/11/2024

Elisabeth logo

Elisabeth


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
LB
Niveau d'étude

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben

Sécheren, hierstellen a fërdere vu kierperlecher a geeschteger Gesondheet an dem Wuelbefanne vun den uvertraute Bewunner, déi an eisem Fleegeheem liewen, am Respekt vun hiren individuelle Biographien

Duerchféieren a Sécherstelle vun enger qualitativer Grond- a Behandlungsfleeg ( no den “Attributions Infimiers”)

Duerchféiere vun enger professioneller Fleeg a Betreiung am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus

Ëmsetzen an evaluéiere vun den individuelle Fleeg- a Betreiungspläng

Duerchféiere vun enger qualitativer Dokumentatioun a Leeschtungsnowäis

Duerchféiere vu biographesch orientéierten Aktivitéite fir d’Bewunner

Kommunizéiren ob eng kloer an transparent Aart a Weis


Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil

Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier (m/w/d)

Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen

Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)

Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)

Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)

Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit

Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft

Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren


Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen

40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit

Dës Plazen falen ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

Droit d’exercer

Casier judiciaire no 4

Führerschäin Klass B

Eischt Hëllefscours

Delai fir d’Kandidatur: 14.11.2024

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Elisabeth logo

Elisabeth

29, boulevard Joseph II
L-1840 Luxembourg
Luxembourg

Recrutement Elisabeth

Infirmier