Een Infirmier
Publiée le 05/03/2025
Elisabeth
- Diekirch
- Santé / Médical / Social
- Entre 5.4k et 9.4k € / mois
Är Aufgaben:
* Sécheren, hierstellen a fërdere vu kierperlecher a geeschteger Gesondheet an dem Wuelbefanne vun den uvertraute Bewunner, déi an eisem Fleegeheem liewen, am Respekt vun hiren individuelle Biographien
* Duerchféieren a Sécherstelle vun enger qualitativer Grond- a Behandlungsfleeg ( no den "Attributions Infimiers")
* Duerchféiere vun enger professioneller Fleeg a Betreiung am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus
* Ëmsetzen an evaluéiere vun den individuelle Fleeg- a Betreiungspläng
* Duerchféiere vun enger qualitativer Dokumentatioun a Leeschtungsnowäis
* Duerchféiere vu biographesch orientéierten Aktivitéite fir d'Bewunner
* Kommunizéiren ob eng kloer an transparent Aart a Weis
Äre Profil:
* Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier (m/w/d)
* Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
* Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
* Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
* Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
* Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
* Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
* Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden:
* 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
* Dës Plazen falen ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
* Droit d’exercer
* Casier judiciaire no 4
* Führerschäin Klass B
* Eischt Hëllefscours
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)