Een Erzéier
Publiée le 05/03/2025
Elisabeth
- Wilwerwiltz
- Santé / Médical / Social
- Entre 2.4k et 4.3k € / mois
Är Aufgaben:
Aarbechtsfelder fir dës Plaz sinn:
- Betreiung a Begleedung vu Kanner a Jugendlechen (eenzel oder klenge Grupp)
Äre Profil:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (m/w/d)
- Berufflech Erfarung am Beräich Kannerbetreiung as vu Virdeel
- Weiderbildungen am Beräich Enfance et Jeunesse si vu Virdeel
- Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
- Kenntnisser vum Lëtzebuergeschen si Viraussetzung
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Wertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
- Flexibilitéit Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft
- Bereetschaft sech mat a fir Kanner a Jonker ze engagéieren
Mir bidden:
- 20 St/W Aarbechtskontrakt op begrenzten Zäit
- Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 4 a 5
- Droit d’exercer
- Führerschäin Klass B
- Eischt Hëllefscours
Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)