Een Agent de restauration
Publiée le 05/03/2025
Elisabeth
- Berbourg
- Santé / Médical / Social
- Entre 3k et 4.7k € / mois
Är Aufgaben:
- Déi zougewisen Aufgaben am Service/Kichen (Salle à manger, Cafeteria, Brasserie an/oder Kichen) ze erfëllen an domat d’Wuelbefanne vun de Bewunner an externe Clienten ze fërderen a hir Sécherheet ze garantéieren
- Matschaffen an der Restauratioun am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus
- Déi zougewise Leeschtunge selbststänneg ausféieren (Aarbechtsofleef respektéieren)
- Respektéiere vun den Hygiènesreegele Matschaffen an/un kloren, transparente Kommunikatiounsstrukturen
- D’Wuer an d’Material mat deem geschafft gëtt, richteg asetzen
Äre Profil:
- Berufflech Erfarung am Beräich Restauratioun a Kollektivkichen
- Weiderbildungen am Beräich Restauratioun si vu Virdeel
- Kenntnisser vum Lëtzebuergeschen si Viraussetzung
- Gutt Kenntnisser a Formatiounen am Beräich vun der Hygiène (HACCP)
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
- Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
- Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden:
- 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 4
Delai fir d’Kandidatur: 27.03.2025
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)